
Vun de Ronn 4.500 ukrainesche Refugiéeën haten Enn Zejoert 977 eng Aarbecht. Hannert enger vun dësen Zuele stécht d’Alexandra Tsyliya. Zanter den Ufank vum Krich ass déi 34 Joer al Fra mat hiren zwee Kanner zu Lëtzebuerg. Als Kommunikatiouns- a Projetsmanagerin mat diverse Sproochekenntnisser krut si relativ séier e Kontrakt bei enger grousser Boîte. “Wéi ech virun 2 Joer op Lëtzebuerg koum, war et eng zimmlech Erausfuerderung”, erënnert si sech.
Et géing ee realiséieren, dass een an déi 30 ass, an näischt méi huet. Dat, nodeems een an der Ukrain alles hat: Eng Aarbecht an e glécklecht Liewen. “Mer si vill gereest, hunn eise Business opgemaach. Mer hunn e friddlecht Liewe gelieft, wéi déi meescht Europäer”, sou déi jonk Fra. Fir sech nees eppes opzebauen, géing si dacks u Schlof spueren an u villen ënnerschiddleche Projete parallel schaffen.
Och déi 31 Joer al Ukrainerin Olena Neskorodiana wëll schaffen. Fir d’éischt war si mam Ufank vum Krich a Frankräich geflücht. Zanter August zejoert ass si zu Lëtzebuerg, wou si sech wuel fillt. En Job am Domaine vum Kommunikatiouns- a Projektmanagement konnt déi geléiert Sozialwëssenschaftlerin nach net fannen. Déi dacks néideg Franséischkenntnisser feelen nach. Den Ament schafft si éierenamtlech fir d’Organisatioun LUkraine.
Onbedéngt wëll si awer an der Beruffswelt Fouss faassen, dat aus diverse Grënn. Engersäits wëll si sech um beruffleche Plang weiderentwéckelen. Anersäits wier d’Ekonomie an der Ukrain kuerz virum Kollaps. “Ech hu Famill an der Ukrain. An ech gesinn et esou, dass ech hei op d’mannst ka Sue maachen. Sou kann ech fir mech selwer opkommen a meng Famill finanziell ënnerstëtzen. Meng Schwëster ass frou mat hirer Aarbecht. Meng Mamm verdéngt 150 Euro de Mount. Si brauche meng Hëllef”, erkläert d’Olena Neskorodiana.
Franséischcoursë sollen hir elo weiderhëllefe bei der Sich no enger Aarbecht. Sech kënne mat hiren 10 Joer Beruffserfarungen anzebréngen, géing der Olena Neskorodiana Freed maachen. Ma d’Zäit dréckt. “Ech consideréieren ënnerschiddlech Optiounen. Mä wann d’Saachen net esou lafen, fueren ech villäicht weider mat zerwéieren”, seet si selbstsécher. Schliisslech bräicht si Suen, fir ze iwwerliewen.
Domat wier si net déi eenzeg, déi an engem Domaine géing schaffen, deen ënnert hire Qualifikatioune läit. Zuele vum Statec no schafft d’Majoritéit vun den Ukrainer am Horeca-Secteur, an administrativen Aarbechten oder bei enger Botzfirma. An dat eben deels dacks trotz Diplomer.
D’Erausfuerderunge fir jonk Fraen, déi eleng an de Grand-Duché kommen, wiere grouss, ënnersträicht d’Alexandra Tsyliya. Dobäi wieren et net just dacks Sproochebarrièren oder d’Bürokratie, déi kéinte Problemer maachen. “Heiansdo schéngt et, dass d’Leit vergiessen oder net realiséieren, wéi vill Kraaft et kascht, fir mat allem nach eng Kéier unzefänken. Fir deng Kanner do ze sinn. An, an zwou Realitéiten ze liewen”, seet d’Alexandra Tsyliya. D’Heemechtsland wier ëmmer nach am Krichszoustand, a parallel géing ee probéieren, säi Liewen an engem neie Land opzebauen. Hir Zukunft gesäit si zu Lëtzebuerg, well si elo scho vill investéiert hätt, fir Fouss ze faassen. Lëtzebuerg ass si dankbar fir déi Méiglechkeet, déi si krut.
“Ech wëll heibleiwen an hunn dem Land vill ze ginn”, ënnersträicht och d’Olena Neskorodiana. Ukrainer géinge vill schaffen a séier léieren, an domat och e wäertvolle Bäitrag fir Lëtzebuerg kënne leeschten. D’Alexandra Tsykiya sot nach, si géing hire Kanner ëmmer dat heite mat op de Wee ginn: “Jo, et ass eng Erausfuerderung. Jo, et ass haart. Et ass ganz komplizéiert. Mä wann s de genuch Effort dra stéchs, da wäert et iergendwann funktionéieren”.
Den Ament siche 432 ukrainesch Refugiéeën iwwert d’Adem no enger Aarbecht. 260 sinn an enger Mesure d’emploi. Majoritär géing Aarbecht am Horeca Beräich gesicht ginn, als Verkeefer oder bei Botzfirmen.