CGDISFoussgänger op der Haaptstrooss zu Schëtter ugestouss
Eréischt e Méindeg war géint 13 Auer ee Foussgänger an der Stad ugestouss a blesséiert ginn. Hei waren ee Samu-Won an eng Ambulanz aus der Stad am Asaz.
En Dënschdeg géint 15 Auer gouf dunn zu Schëtter an der Rue Principale ee Foussgänger ugestouss. Eng Ambulanz war op der Plaz, fir sech ëm déi blesséiert Persoun ze këmmeren.