
De Mann wollt op der Kräizung Rue d’Arlon a Rue de Reckenthal zu Stroossen mat sengen Hënn op déi aner Säit an ass bei gréng iwwer d’Zebrasträifen. Wéi hie bal ukomm ass, koum en Auto aus der Rue Reckenthal gefuer. De Chauffer huet de Mann a seng Hënn iwwersinn a krut si ze paken.
De Foussgänger gouf liicht blesséiert, ma fir ee vu sengen Hënn koum all Hëllef ze spéit. D’Déier ass nach op der Plaz u senge schroe Verletzungen gestuerwen.
Et huet sech erausgestallt, dass de Mann ënner Alkoholafloss stoung. Hien huet de Fürerschäi missen ofginn.