
Géint 7.30 Auer en Donneschdeg de Moie gouf eng Persoun zu Bouneweg ugestouss a blesséiert. Op der Plaz waren d’Rettungsdéngschter aus der Stad, grad ewéi de Samu Centre.
Ëm déi selwecht Zäit hat et zu Lëpschent tëscht zwee Autoe geknuppt. Och hei gouf et ee Blesséierten. D’Ambulanciere vum Zenter Nordstad an d’Pompjeeë vu Buerschent waren am Asaz.