CGDISFoussgänger zu Schëffleng ugestouss an Dampentwécklung an der Stad

RTL Lëtzebuerg
Ënnert anerem op dësen zwou Plaze waren d'Ekippe vum CGDIS déi leschten Nuecht am Asaz.

Am Lokale mellt de CGDIS, dass en Donneschdeg géint 21 Auer an der Avenue de la Libération zu Schëffleng e Foussgänger vun engem Auto ugestouss a blesséiert gouf.

Um Lampertsbierg gouf et géint 22 Auer iwwerdeems eng Dampentwécklung an enger Residence. D’Pompjeeën aus der Stad a vun Hesper haten dat awer séier ënner Kontroll.

Géint 8.30 Auer war dann zu Ettelbréck en Auto an en Accident verwéckelt. Hei gouf eng Persoun blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO