Do hate se jo ënnert anerem d'Energiehëllefen ausgemaach, déi de Moment nach a Kraaft sinn - bis Enn des Joers.
Déi Mesuren hätten hir Ziler erreecht, esou de Premier Luc Frieden no der Reunioun. Engersäits Kafkraaft vun de Leit erhalen, anerersäits de Betriber hiert Iwwerliewe sécheren.
Dofir huet hien annoncéiert, datt déi Energiemesurë missten “op iergendeng Aart a Weis am neie Joer virugefouert ginn”. Wéi vill dat géing kaschten, konnt de Premier en Dënschden den Owend nach net soen.
Fir weider ze verhandelen, gesi sech d’Sozialpartner an d’Regierung den 29. Oktober zeréck.
D’Gespréicher wiere ganz konstruktiv gewiescht. Dat hunn esou wuel de Premier ewéi d’OGBL-Presidentin Nora Back am RTL-Interview no der Reunioun betount.
D’Nora Back sot, d’Gewerkschafte wiere frou, datt d’Regierung ëmmer nees betount hätt, datt den Index a Stee gemeesselt wier – et wier net de Moment, un den Index ze goen, wann d’Leit duerch déi héich Präisser de Kafkraaftverloscht ze spiere kréien.