
Géint 11 Auer sinn op der A1 am Tunnel Houwald en Auto an e Camion aneneegerannt, woubäi zwou Persoune blesséiert goufen. Op der Plaz waren zwou Stater Ambulanzen a Pompjeeën aus den Asazzentren aus der Stad a vun Hesper.
Eng weider Persoun gouf da géint 13:20 Auer an der Rue de la Libération zu Mamer vun engem Auto ugestouss a verwonnt. Si gouf vun de Secouriste vu Mamer an aus der Stad en charge geholl.
Kuerz viru 16 Auer dann en Accident mat dräi Gefierer op der A3 tëscht dem Gaasperecher Kräiz an der Aire de Berchem. Blesséierter gouf et hei keng, nees am Asaz waren d'Stater Rettungsdéngschter.
An ee weidere Blesséierte gouf da géint 16:45 Auer am Norde vum Land gemellt. Um CR336 tëscht Wäiswampech a Wilwerdang war en Auto géint e Bam gerannt. Ëm déi blesséiert Persoun hu sech d'Secouriste vun Ëlwen a Wäiswampech gekëmmert.