
D'Charge de travail fir d'Mataarbechter war grouss. D'Prozedure waren en place, mee goufen net ëmmer homogen applizéiert. Donieft huet et u Kontrolle gefeelt. Den Accès zu de Bureauen an den Dossiere war ze large. Dat huet den Audit vun der Direction de l’immigration erginn, deen e Mëttwoch de Mëtten an der zoustänneger Chamberkommissioun presentéiert gëtt. Deen Audit hat den Inneminister Léon Gloden an Optrag ginn, nodeems de Parquet am Summer matgedeelt hat, datt eng gréisser Enquête amgaange wier, wéinst ënnert anerem frauduléiser Immigratioun a Korruptioun, am Zesummenhang mat Openthaltsgeneemegunge fir Main d'oeuvre vu baussent der EU.
De Léon Gloden huet ugekënnegt, datt kuerzfristeg personell opgerëscht gëtt, d'Digitaliséierung vun den Dossiere soll séier viru gedriwwe ginn, fir d'Kontrollen an d'Traçabilitéit ze verbesseren. Doriwwer eraus huet sech d'Immigratioun dem Léon Gloden no ewell Moyene ginn, fir besser ze kontrolléieren, ob déi gefrote Sproochenzertifikaten authentesch sinn. De Minister huet awer och nach emol ënnerstrach, datt d'Immigratioun fir d'Openthaltsgeneemegungen auszestellen, vun enger Rei aneren Acteuren an Administratiounen ofhänkt, déi Zertifikaen ausstellen oder Dokumenter préiwen an datt Frauden op villen Niveaue geschitt sinn. Eng honnertprozenteg Sécherheet kéint et allerdéngs ni ginn, esou de Minister, wann ee wéilt Fraudë maachen.