
Zu enger vu béiden Dote koum et um Site vun engem Geschäft an der Schëfflenger Industriezon "Auf Herbett". Éischten Informatiounen no hat eng Persoun e Rucksak mat geklaute Saachen iwwert den Zonk vum Site geheit, hannert deem en zweete Verdächtegen dësen opgefaangen huet a fortgefuer ass.
Am Kader vun enger Enquête goufen zwee Verdächteger net wäit vum Site ugetraff, genee wéi och de Rucksak mat de geklaute Saachen. D'Täter haten et virun allem op technesch Geräter ofgesinn, déi d'Police dem Geschäft konnt zeréckginn.
Béid Verdächteg koumen op Uerder vum Parquet virun den Untersuchungsriichter.
E weidere Virfall gouf et en Dënschdeg an der Mëttesstonn zu Mamer an der Kielener Strooss. Zwee Männer sinn iwwer d'Terrass bei d'Kichendier vun engem Haus komm an hunn ugeklappt. Well d'Residenten, e Mann an eng Fra, zoufällegerweis ëm déi Zäit Handwierker erwaart hunn, hu se d'Männer eragelooss. Ee vun de Verdächtegen huet déi zwee dunn an den Aarm geholl, wouropshin d'Bewunner vum Haus d'Police ugeruff hunn. Si krute vun engem vun den Täter den Telefon ofgeholl, wärend den aneren e Portmonni aus der Kichen u sech geholl huet.
Duerno sinn déi zwee mat engem groen Auto a Richtung Areler Strooss geflücht. Vun de Residentë gouf kee blesséiert, eng Enquête ass amgaangen.