Police deelt matGewalt op der Stater Gare an zu Schëffleng

RTL Lëtzebuerg
Ënnert anerem huet e Mann zu Schëffleng no engem Sträit Persoune mat enger Aaxt menacéiert.
© Police Luxembourg

En Dënschdeg gouf d'Police géint 17 Auer fir en Asaz op d'Stater Gare geruff. Hei hat e Mann eng aner Persoun geschloen a sech dono onkooperativ de Sécherheetsbeamte géigeniwwer verhalen. Wéi d'Police op d'Plaz komm ass, huet de Mann sech weiderhin onkooperativ verhalen a wollt d'Plaz och net verloossen. Géint hie gouf dunn e Platzverweis ausgeschwat.

Zu Schëffleng koum et dann nach am Stroossentrafic zu enger Ausernanersetzung. Éischten Erkenntnisser no huet ee Chauffeur am Kader vum Sträit zwou Persoune mat enger Aaxt menacéiert. Déi verdächteg Persoun huet sech kuerz drop ewech gemaach, konnt awer méi spéit vun der Police ugehale ginn. Blesséiert gouf beim Virfall keen. Weider Ermëttlunge goufen ageleet.

Back to Top
CIM LOGO