
Den Täter koum vun hannen, huet d'Fra an de Réck gestouss an hir dobäi d'Posch geklaut. Dono ass hien a Richtung Côte d'Eich fortgelaf. Ënnerwee huet hien de Portmonni aus der Posch geholl, fir just dee matzehuelen. D'Posch huet hie fale gelooss. Eng éischt Sich blouf ouni Erfolleg, Ermëttlunge goufen ageleet.