
E Vëlosfuerer ass nieft der Fra stoe bliwwen an huet hir d'Posch ewechgerappt. D'Affer huet probéiert, sech géint den Déif ze wieren an ass dobäi op de Buedem gefall.
D'Beschreiwung vum Déif:
Der unbekannte Täter war ca. 1.75m gross, von dünner Statur, rasiert, trug einen grauen Mantel und hatte eine Kapuze über den Kopf gezogen.
An der Nuecht vun en Donneschdeg op e Freideg goufen e puer Führerschäiner agezunn. 5 Automobiliste sinn ënnert Alkoholafloss gefuer. 4 vun hinne kruten e Fuerverbuet, een ass protokolléiert ginn, konnt awer säi Führerschäi behalen. D'Chauffere goufen zu Näerzeng, Rodange, Esch/Uelzecht, um Houwald an um Hareler Poteau kontrolléiert.