
Zu Bungeref ass e Sonndeg e Sträit tëscht enger Koppel eskaléiert. Eng Fra huet hirem Partner dobäi e Messer an d'Broscht gestach.
De Mann koum mat Blessuren an d'Klinik. Et bestoung keng Liewesgefor. Op Uerder vum Parquet gouf d'Fra verhaft. Eng Enquête leeft.