Zu RéimechFra ugestouss a liewensgeféierlech blesséiert, geflüchte Chauffer festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Eng Foussgängerin, déi um Samschdeg kuerz virun Hallefnuecht zu Réimech ugestouss gouf, gouf liewensgeféierlech blesséiert.
Samu / Domingos Oliveira
Samu / Domingos Oliveira
© Samu / Domingos Oliveira

De schëllege Chauffer war fortgefuer ouni no hir ze kucken. D’Fra war liewensgeféierlech blesséiert, ma vum Chauffer hat all Spuer gefeelt. Vue datt et e Risiko gouf, datt dësen a Richtung Däitschland geflücht wier, gouf déi däitsch Police informéiert an huet sech un der Sich bedeelegt, déi awer fir d’Éischt ouni Erfolleg bliwwe war. Op Uerder vum Parquet gouf de Miess- an Erkennungsdéngscht op d’Plaz geschéckt. Eng Enquête géint d’Persoun déi den Accident verursaacht huet gouf ageleet. Nieft de Rettungsdéngschter vu Réimech a Schengen, gouf och de SAMU op d’Plaz geruff.

E Sonndeg am Nomëtteg hat sech dunn e Mann bei der Police gemellt a gesot, dass hien an der Nuecht an e Verkéiersaccident zu Réimech verwéckelt gewiescht wier. U sengem Auto waren dann och Téitschen, déi op en Accident higedeit hunn.
De Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum e Méindeg de Moie virun den Untersuchungsriichter. Dësen hat ugeuerdent, de Mann an Untersuchungshaft ze placéieren.

Wärend d’Police nom Chauffer gesicht hat, war de Beamten en aneren Automobilist opgefall, dee sech net un hir Uweisunge gehalen huet. Hien hat ze vill gedronk a krut de Permis ofgeholl.

Kuerz virdru gouf et et Accident tëscht Konsdref a Chrëschtnech. Hei ass en Auto op der Kopp gelant. Och an deem Accident gouf eng Persoun blesséiert.

Géint 17.20 Auer e Samschdeg dann waren tëscht dem Keeler Potto a Rëmeleng zwee Autoen net laanschtenee komm. De Stater SAMU gouf geruff, grad ewéi d’Ambulanz vu Schëffleng an d’Pompjeeë vu Keel.

Back to Top
CIM LOGO