StäreplazFra um Foussgängersträifen ugestouss a schro blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police e Méindeg am Nomëtteg mellt, gouf kuerz virun 8 Auer eng Fra un enger Kräizung bei der Stäreplaz ugestouss ginn.
© RTL Mobile Reporter

Éischten Informatiounen no wollt en Automobilist op der Kräizung vun der Rue de Rollingergrund mat der Areler Strooss ofbéien, wéi d’Luucht op Gréng geschalt huet. Dobäi krut hien d’Fra ze paken, déi grad dee Moment um Zebrasträifen iwwert d’Strooss gaangen ass. D’Foussgängerin koum schwéier blesséiert an d’Spidol.

De CGDIS hat am Ufank gemellt, dass et sech bei der blesséierter Persoun ëm e Cyclist géing handelen. D’Police schreift vun enger Foussgängerin.

Géint 5.45 Auer gouf zu Hesper an der Route de Thionville e Motocyclist vun engem Auto ugestouss a liicht blesséiert. Op der Plaz am Asaz waren de Samu, d’Ambulanz aus der Stad an d’Pompjeeë vun Hesper.

Och zu Ollem an der Rue de la Forêt gouf kuerz no 8 Auer eng Persoun vun engem Gefier ugestouss a liicht blesséiert. Am Asaz waren d’Rettungsdéngschter vun Esch, Kielen a Mamer.

Tëscht Stroossen an dem Briddel koum et kuerz virun 10 zu engem Accident mat zwee Autoen. Eng Persoun gouf liicht blesséiert a vun der Ambulanz an de Pompjeeë vu Mamer versuergt.

Zu Elleng an der Rue d’Erpeldange ass géint 16.25 Auer e Cyclist vun engem Auto ugestouss ginn a gouf liicht blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO