
Hir ass virgehäit ginn, am Mee zejoert, am Zesummenhank mam Marathon an der Stad, ausfalend Remarken iwwert de Gewënner vun der Course gemaach ze hunn. Si hat fir d'éischt um franséischen Internetsite vun enger Zeitung geschriwwen: „Nach e Schwaarzen!" (hei op Lëtzebuergesch iwwersat). Duerno huet si enger Persoun, déi wësse wollt, wat de Problem wär, geäntwert: "De Problem ass, dass een es genuch huet vun där Rass!"
D'Fra gouf zu enger Geldstrof vun 2.000€ veruerteelt.