Baustopp um LampertsbiergFraise leien elo emol bei den zwee neie Proprietären

Maxime Gillen
De Kulturministère huet de Chantier op de Nummere 37, 39 an 41 vun der Rue de Jean l'Aveugle stoppe gelooss.
Baustopp um Lampertsbierg
De Kulturministère huet de Chantier op de Nummere 37, 39 an 41 vun der Rue de Jean l'Aveugle stoppe gelooss.

Dat zwee Joer nodeems am Stater PAG festgehale gouf, dass al Haiser am ënneschten Deel vum Lampertsbierg dierfen ofgerappt ginn a ganzer sechs Méint nodeems d'Gemeng op där Basis hiren Accord ginn hat.
Beim Service des Sites et Monuments nationaux ass een nämlech der Meenung, dass dës Haiser sollte virum Ofrappe geschützt ginn. Eng Decisioun, déi wuel ze spéit geholl gouf.

Baustopp um Lampertsbierg/Reportage Maxime Gillen

Et richt liicht muffeg an um Buedem leie kéipweis futtis Plättercher, déi eraus geklappt goufen. Och den hëlzene Plafong gouf erausgerappt a läit op engem mannshéije Koup am Eck vun deem Zëmmer, dat wuel eng Kéier en Iesszëmmer war. D'Tapéiten un de Mauere si gutt a gär 30 Joer al an déi hëlzen Trap kraacht bei all Schrëtt.

Zanter ronn engem Mount gëtt d'Haus 39, genee wéi déi zwee Haiser niewendrun, Stéck fir Stéck auserneegeholl. Den Accord dofir vun der Gemeng hunn d'Proprietäre vun den dräi Haiser am ieweschten Deel vun der Rue Jean l'Aveugle scho leschten November kritt. Dräi Méint laang war dat dunn och an de Fënsteren affichéiert an am Abrëll gouf dunn ugefaangen, ofzerappen. Béides wär gutt vun der Strooss aus ze gesi gewiescht, esou de Gervasio Romero, Co-Proprietär vun deenen dräi Haiser.

"Jo, et war jo e Container dobaussen. Et ware Leit hei. Ech weess net, wéi vill Leit hei geschafft hunn, mä d'Camionnettë waren do. Den Trottoir ass och opgemaach ginn. Mä do huet sech awer guer kee gemellt."

Ma elo, wou de Ministère d'Prozedur, fir d'Gebaier als Monument national ze klasséieren, ugestouss huet, steet de Chantier. An dat wahrscheinlech nach méintelaang. Eng deier Affär fir de Gervasio Romero a säi Geschäftspartner.

"Dat ass schonn e Pak Suen, well et sinn immens vill Zënsen. Do sinn Investisseuren hannendrun, déi och Zënse kréien. D'Haiser waren net geschenkt, mir hunn immens vill Sue fir déi Haiser bezuelt. Et sinn och Prêten a Banken hannendrun an esou virun."

An och d'Virbesëtzer vun den Haiser kéinte vun dësem Baustopp betraff sinn. Am Compromis hätt kloer gestanen, dass K-Prom, also d'Firma vum Gervasio Romero a sengem Partner Christian Maroldt, d'Haiser nëmme géif kafen, wann dës och dierften ofgerappt ginn.

Dierfen d'Haiser um Enn awer net ofgerappt ginn, wären d'Kontrakter mat de Virbesëtzer theoretesch hifälleg. Praktesch sinn déi fréier Proprietären awer schonn an en neit Doheem geplënnert, dat si vun de Suen aus dem Verkaf vun hirem Haus bezuelt hunn. An enger éischter Phas leien d'Fraisen awer elo mol bei deenen zwee neie Proprietären.

Back to Top
CIM LOGO