
An der Affär goung et ëm d'Fro goung, ob d'Firma eng Geneemegung fir d'Aarbechten um Daach hat. Wéinst Aarbechten am November 2014, déi engem Privatmann no net richteg gemaach goufen, hat deen d'Firma ugesicht. Bei der Chambre des Métiers wär hie gewuer ginn, dass de Betrib keng sou eng Autorisatioun hat. Dofir huet dem Mann seng Affekotin gefuerdert, dass d'Firma provisoresch sollt zougemaach ginn an hire Client am Ganze 26.000 € Schuedenersatz sollt kréien.
De Betrib gouf wéi gesot fräigesprach a krut donieft eng Indemnité de procédure vu 750 Euro zougesprach, déi de Privatmann bezuele muss.
DETAILER: E Mann klot géint Usträicherbetrib, wéinst Aarbechten um Daach