Et ginn am Beräich vun den Nohaltegkeet zu Lëtzebuerg Efforten zu alle Säite gemaach. Fir e wierkleche Paradigmewiessel awer geet et nach net duer. Dat sot en Dënschden de Moien de President vum Nohaltegkeetsrot Francis Schartz. Hie war eisen Invité vun der Redaktioun.
Den Nohaltegkeetsrot ass den Ament am Gaangen un engem Avis zum Rifkin-Prozess ze schaffen. Un der Ausaarbechtung war den CSDD bewosst net bedeelegt, fir kënnen eng neutral Analys ze maachen. Just vereenzelt Memberen hunn an hirem perséinlechen Numm an den Aarbechtsgruppe matgeschafft.
Anere groussen Dossier ass den neie Klimaschutzplang. Deen Avis soll demnächst ofgeschloss ginn. Donieft wëll den Nohaltegkeetsrot zesumme mat der Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte d'Konzept vun der circulairer Ekonomie bei de Leit méi bekannt maachen. En Donneschde gëtt e Concours ënnert dem Motto "Yes we care" lancéiert.
Invité vun der Redaktioun en Dënschden de Moie géint 10 op 8 war de President vum Conseil supérieur pour un développement durable, den Nohaltegkeetsrot.