Invité vun der Redaktioun (27. September)François Bausch: Net iwwerall 80 km/h op de Landstroossen

RTL Lëtzebuerg
Den Transport- an Infrastrukturminister war Invité vun der Redaktioun e Mëttwoch um 10 op 8.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: François Bausch.
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Generell 80 op de Landstroosse kënnt net, dat sot um Mëttwoch de Moien den Transport- an Infrastrukturminister François Bausch am RTL-Interview. Mä en Aarbechtsgrupp soll analyséieren, wou Tëschevitesse Sënn maachen.

De Minister war den Invité vun der RTL-Redaktioun an ass op déi rezent déidlech Accidenter agaangen. Et wär en eenzege Misär, en eenzegen Drama. Dat soll een net vergiessen, wann een iwwert d'Accidenter schwätzt. D'Strooss wär keng Spillwiss.

Déi zwee Accidenter vum Weekend sollen am Detail ënnersicht ginn. Gewosst wär awer schonn, datt Alkohol a Vitess bei engem Accident d'Haaptursaache waren.

Bei esou vill Accidenter an enger Woch, mä allgemeng, soll iwwer d'Vitess nogeduecht ginn. Kontrollen sinn och ganz wichteg an de Minister ass der Meenung, datt d'Alkohokontrollen solle verstäerkt ginn. D'Leit solle scho wëssen, datt een zu all Moment ka mat enger Kontroll rechnen, sou de Minister Bausch.

Déi rezent Evenementer schockéieren, seet de Minister, a se géinge weisen, datt nach vill misst gemaach ginn. Trotzdeem wier et allgemeng net esou, datt d'Situatioun sech verschlëmmert hätt, d'Zuele géingen nämlech an déi richteg Richtung weisen. Mat engem Zesummespill vu präventiven a repressive Mesure misst ee kucken, fir d'Situatioun nach weider ze verbesseren.

Den Transport- an Infrastrukturminister war Invité vun der Redaktioun e Mëttwoch um 10 op 8.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
Back to Top
CIM LOGO