
Domat gouf d'RTL-Informatioun also bestätegt.
Zejoert gouf déi Charge vum LSAP-Mann Yves Cruchten assuréiert, virzejoert vum DP-Deputéierten André Bauler. No Blo a Rout ass et also déi Kéier un engem grénge Parlamentarier, fir am Hierscht dee Budget ze presentéieren, deen nach ganz am Zeeche vun der Corona-Kris dierft stoen.
Den Zentrumsdeputéierte François Benoy ass 2018 eng éischte Kéier an d'Chamber gewielt ginn.
Zënter 2013 sëtzt hien och fir déi Gréng als Conseiller am Stater Gemengerot.
Hie wëll a sengem Rapport de Schwéierpunkt op d'Krisefestegkeet vun de Staatsfinanze leeën. Hie wéilt Weeër opweisen, wéi een an Zukunft an d'Nohaltegkeet vun eiser Gesellschaft an Ekonomie investéiere kann. Natierlech wier och d'Klimakris an den Ëmweltschutz en wichtegt Thema. Eng drëtt Prioritéit léing um strukturellen Ëmbau vun der Ekonomie mat der Hëllef vun der Haushaltspolitik, sou de François Benoy.