Invité vun der Redaktioun (22. Februar)François Koepp: "Lëtzebuerg ass en attraktiivt Land"

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch de Moie war de François Koepp, de Generalsekretär vun der Horesca, eisen Invité vun der Redaktioun.
VIDEO: Den Invité vun der Redaktioun: François Koepp
E Mëttwoch de Moie war de François Koepp, de Generalsekretär vun der Horesca, eisen Invité vun der Redaktioun.

Lëtzebuerg ass en attraktiivt Land mat gudde Produiten, d'Ekonomie huet sech erholl a virun allem huet sech de Marketing an de leschte Jore staark verbessert. Sou huet de Generalsekretär vun der Horesca, der Federatioun vun den Hotelieren, Restaurateuren a Cafetieren, de François Koepp, d'Rekordjoer am Tourismus 2016, um Mëttwoch de Mueren am RTL-Interview, erkläert.

An awer misst nach Verschiddenes verbessert ginn, sou den Invité vun der Redaktioun. Notamment a Saache Qualitéit. An deem Kontext begréisst den Invité vun der Redaktioun, och déi nei Hotelsklassifikatioun, déi no EU-Standarde festgeluecht gëtt. Sou wier de Verglach fir de Client méi einfach. Do dernieft fuerdert den François Koepp och, datt d'Simplification administrative endlech an de Betriber ukënnt. An un d'Patrone war et den Appell, fir déi nei Technologien a nei Medie besser ze notzen.

E Mëttwoch de Moie war de François Koepp, de Generalsekretär vun der Horesca, eisen Invité vun der Redaktioun.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
Back to Top
CIM LOGO