
Wann e Sonndeg nei Restriktioune komme sollten an e Samschdeg weider Ouverturen, zum Beispill am Sport, a Kraaft getruede sinn, wier dat komplett inkoherent. De Staat misst d'Kontroll iwwert dat viralt a gesellschaftlecht Geschéien zréckgewannen, anerefalls géif d'Land e Vertrauensverloscht a seng Institutiounen riskéieren.
D'Gesellschaft wier ugespaant. Lockdown a vermasselten Deconfinement hätte Liewensperspektiven erschüttert. Deem misst d'Regierung resolut a kloer begéinen. De Kontrollverloscht misst gestoppt ginn, géintiwwer dem Virus, de Gewalt-Entgleisungen, déi een an der Lescht gemierkt hätt, an der Staatskeess, déi aus reng elektorale Grënn geplëmmt gi wier.