
„Dës Décisioun ass fir de Client en Desaster!“: Sou huet de Lëtzebuerger Affekot vum franséische Sänger Enrico Macias um Donneschdeg de Moien dorop reagéiert, dass d'Cour de Cassation säi Pourvoi géint en Uerteel vun der Cour d'appel zréckgewisen huet.
Et goung an dëser Affär ëm e Volet vun der Affär Landsbanki, déi islännesch Bank also, déi jo nach ëmmer a Liquidatioun ass, an ëm eppes méi wéi 30 Milliounen €. De franséische Sänger war zu Lëtzebuerg an zwou Instanzen dozou veruerteelt ginn, der Landsbanki déi Zomm zréckzebezuelen.
Ufank 2007 hat den Enrico Macias seng Villa zu St Tropez renovéiere wëllen. Op der Sich no engem Prêt vu 5 Milliounen dofir war hien am Mee vun deem Joer mat der Landsbanki a Verbindung bruecht ginn. Déi wollt dem Kënschtler vill méi Sue léinen, wann deen am Géigenzuch a Spekulatiounsproduiten investéiere géif. De Mann krut um Enn 35 Millioune geléint, wat dem Wäert vu senger Villa entsprach huet. Net grad 9 Milliounen huet de Sänger direkt kritt, iwwerdeems eppes méi wéi 26 Milliounen an 3 Liewensversécherungen investéiert goufen. An zweeter Instanz hei am Land waren d'Appellsriichter der Demande vun der Bank nokomm, fir déi Suen zréckzekréien.
Mam Uerteelssproch vun der Cour de Cassation ass d'Affär zu Lëtzebuerg fäerdeg, huet de Me Pierre Hurt festgehalen, woubäi awer nach e strofrechtleche Prozess a Frankräich am Gaang wär.
Den Affekot vum franséische Sänger huet d'Fro gestallt, wéi d'Lëtzebuerger Justiz de Fait assuméiere géif, sollt zu Paräis eng penal Veruerteelung gesprach ginn. D'Cassatiounsriichter wäre senger Warnung an deem Sënn net nokomm, sou den Affekot, fir deen d'Cour de Cassation 3 Méiglechkeeten hat: 1. dat zweet Uerteel ze casséieren, 2. de Pourvoi zréckzeweisen - wat elo geschitt ass - an déi 3. Méiglechkeet war et, dem Avocat général nozegoen an eng Fro un den Europäesche Geriichtshaff ze stellen, well a Frankräich déi strofrechtlech Prozedur unhänglech ass.
"Dann ass natierlech d'Fro, ob den europäeschen Droit net géing implizéieren, dass där franséischer Prozedur zu Lëtzebuerg géing Rechnung gedroe ginn. Dat hunn eis Cassatiounsriichter awer net fir sënnvoll gehalen, fir déi Fro ze stellen.", esou de Me Pierre Hurt.
E Gank op den Europäesche Mënscherechtshaff zu Stroossbuerg ass fir de Me Pierre Hurt net ausgeschloss. Woubäi d'Lëtzebuerger Uerteeler net z'exekutéiere wären, wann et a Frankräich zu enger penaler Condamnatioun komme sollt. Et kéint een op Stroossbuerg goen.
"D'Fro ass awer elo wat zu Paräis am Strofrecht passéiert, well déi Saach ass nach net giess!", esou de Me Hurt nach.
Dem Lëtzebuerger Affekot vum franséische Sänger no ass et méiglech, dass dëst Joer nach en Uerteel zu Paräis gesprach gëtt.
Méi iwwert d'Affär Enrico Macias vs Landsbanki am Reportage vum Marc Thoma den Owend op RTL Télé Lëtzebuerg.