Sharing economy promouvéierenFranz Fayot: "Eise Produktiouns- a Konsummodell ass einfach net nohalteg"

Claudia Kollwelter
Pierre Jans
Op enger Pressekonferenz goufe Piste presentéiert, wéi een d'Leit an Entreprisen dozou kritt, méi an d'Richtung vun enger Wirtschaft vum Deelen ze kommen.
Sharing economy promouvéieren
Franz Fayot: “Eise Produktiouns- a Konsummodell ass einfach net nohalteg”

Objeten a Produkter deelen, dat ass d’Iddi hannert der sougenannter “Sharing economy”, déi de Wirtschaftsministère hei am Land weider promouvéiere wëll. Eise Produktiouns- a Konsummodell wier einfach net méi nohalteg, ëmweltfrëndlech oder wirtschaftlech effizient. Dat sot den LSAP-Wirtschaftsminister Franz Fayot op enger Pressekonferenz, bei där Mesurë presentéiert goufen, fir datt méi gedeelt gëtt.

Wa méi gedeelt gëtt, muss manner produzéiert ginn a manner ewechgeheit ginn. Dat hätt e signifikativen Impakt op de Klima, seet den Dr. Jeannot Schroeder vun +ImpaKT, déi zesumme mam Ministère eng Etüd iwwert d’Sharing economy gemaach hunn. Soubal et awer drëm geet, datt een net méi alles selwer benotzt, mee et deelt, stellt sech d’Fro vun den Assurancen: Fir ouni Risiko kënnen e Produkt ze deelen, wou gereegelt ass, wat geschitt, wann ech mech mat engem Produkt verletzen oder d’Produkt futtigeet, wien da responsabel ass a wéi mer dat klären a puncto Assurancen.

Sharing economy / Rep. Claudia Kollwelter

Mat enger attraktiver an einfacher Offer géif een d’Leit och fortkréie vun der Iddi, alles selwer mussen ze besëtzen, mengt den Dr. Jeannot Schroeder: Dat ass dat nämmlecht mat Spotify an Netflix. Do hu mer séier eis Gewunnechte geännert, wou mer erkannt hunn, datt et net sou deier gëtt an d’Offer immens interessant ass. Et ass keen Thema méi haut, fir net eng CD ze besëtzen, mee Musek ze streamen.

Mat Hëllef vu Pilotprojeten, zum Beispill an de Quartieren, wou d’Leit wunnen, soll d’Deele promouvéiert ginn. De Wirtschaftsminister Franz Fayot: Andeem mer zum Beispill a Quartieren e Geschier-Kiosk wëllen opbauen, mee och, andeem mer et an eis Programmer vu LuxInnovatioun abauen, wou mer d’Entreprisë gär dozou kréien, datt se méi vun der Wirtschaft vum Deelen an hir Geschäftsmodeller mat ophuelen.

Déi grouss Entreprisë wieren sech och bewosst, datt e Changement kéim an zum Deel schonn amgaange wier, hir Produktiounsmodeller ëmzestellen. D’Sharing Economy wier méi bëlleg, méi ëmweltfrëndlech a méi convivial huet de Wirtschaftsminister nach ënnerstrach.

PDF: De Rapport d'études

Back to Top
CIM LOGO