
Et duerf een sech op kee Fall den Diskussioune fir eng Neioplo vun der Dräierkoalitioun verschléissen, sot um Dënschdeg de Moien den LSAP Politiker Franz Fayot am RTL Interview. Hie war eisen Invité vun der Redaktioun.
Et wier wouer, dass d'Sozialisten keen terribel gudde Score gemaach hunn, et hätt een 3 Deputéiert agebéisst, sou de Franz Fayot. Et wier awer net esou, wéi wann een net wéilt lass loossen. E géif een elo mol a Koalitiounsverhandlunge goen mat engem oppenem Ausgang. Villes géif dovun ofhänken, ob een déi sozialistesch Handschrëft mat an de Regierungsaccord afléisst, soss wier de Gang an d'Oppositioun eng Optioun, huet den Franz Fayot betount.
De Franz Fayot huet drop higewisen, dass d'LSAP nach ëmmer déi stäerkste Partei vun deenen 3 ass, dat dierft een net vergiessen, och wann een elo manner Sëtz wéi DP hätt, mä prozentual wier d'LSAP landeswäit nach ëmmer stäerkste Partei am Verglach mat der DP an déi Gréng. Et géif een dowéinst mat breeder Broscht an d'Verhandlungen er a goen.
Déi rout Handschrëft am Koalitiounsaccord gehéiert dem Franz Fayot no och zum Prozess vun Erneierung. Dëse wéit ee léiwer an der an der Regierung maachen wéi an der Oppositioun. Et wier e Challenge wier d'Partei engersäits vläicht an der Regierung ze sinn a parallel d'Partei ze erneieren. Dat géif net einfach ginn a wier mat vill Aarbecht verbonnen. De Franz Fayot ass awer iwwerzeegt dovun dass d'LSAP dat fäerdeg bréngt
Hie selwer huet eegenen Aussoen no keng Ambitioune Minister ze ginn, hie wier den Drëtten op der LSAP-Lëscht am Zentrum, déi Ranguerdnung sollt een anhalen. Hien hätt den Etienne Schneider an de Marc Angel viru sech, déi direkt an d'Chamber gewielt goufen, a wéilt keng perséinlech Ambitioun geltend maachen.
En Dënschdeg de Moie war den Drëtte vun der LSAP-Lëscht am Zentrum den Invité vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.