Digitalzukunft matgestalten, esou ass eng Konferenze-Serie vum OGBL iwwerschriwwen, an där hirem Kader sech den Onofhängege Gewerkschaftsbond mam ganz aktuellen Thema vun der Digitaliséierung an hirem Impakt op d’Aarbecht, d’Wirtschaft an d’Gesellschaft beschäftegt.
Wéi positionéiert sech den OGBL par Rapport zum Rifkin-Prozess? Wat sinn d’Fuerderungen un d’Politik, wat d’rout Linnen, déi net iwwerschratt dierfe ginn, a wat d’Erwaardunge fir d’Aarbechtswelt vu muer?
Alles dat wollte mer e Mëttwoch de Moie vun eisem Invité vun der Redaktioun wëssen. De Frédéric Krier vum OGBL war géint 10 op 8 live bei eis am Studio.
Den Invité vun der Redaktioun e Mëttwoch de Moien war de Frédéric Krier vum OGBL.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.