
D'Schwieregkeeten am Liesen, déi hei am Land besonnesch opfälleg waren, entstinn net eréischt an der Schoul. Déi éischt Jore vun engem Kand sinn immens wichteg fir déi sproochlech Entwécklung. Wat kann een also maachen, fir d'Kanner besser dorop virzebereeden?
Mir hunn am centre de logopédie a beim Elterenforum nogefrot wéi sech d'Sproochentwécklung bei Kanner kéint verbesseren.
D'Äntwert ass am Fong einfach: méi zesumme spillen, liesen, kachen, opraumen. Wat ee mécht, ass guer net mol esou wichteg. Haaptsaach et mécht een et zesummen, et interagéiert ee mam Kand an - ganz wichteg - et ass een dobäi net stänneg ofgelenkt. Stéchwuert Handy. Wat banal kléngt, ass an der Ëmsetzung awer net ëmmer esou einfach. “D’Zäit ass e grousse Problem, well d’Elteren oft net méi esou vill mam Kand zesumme sinn” seet de Marc Schmidt. Den Direkter vum Centre de Logopädie gëtt awer och ze bedenken, dass de Smartphone eng wichteg Roll spillt. Antëscht wier een awer méi sensibel dofir, den Handy och emol ewech ze leeën. Mee de Problem ass gesellschaftlech.
Och d'Zuele vum Centre de Logopédie weisen eng däitlech Tendenz. Bal 3.000 Kanner ginn am Ambulatoire betreit. Dat sinn der bal duebel esou vill wéi nach am Schouljoer 2018/19. Och d'Unzuel vun de sougenannten Diagnostics spécialisés ass an d'Luucht gaangen. Heibäi schaffen ënnerschiddlech Fachleit zwou Woche laang mat de Kanner un der Schoulmatière, wärend parallel en Diagnostik opgestallt gëtt. D'Zuel vun dësen Diagnostiken huet sech zanter dem Schouljoer 2017/18 verdräifacht. Um Terrain bemierkt een awer net just Kanner mat Problemer an der Sproochentwécklung, mee dacks kéime Schwieregkeeten sech ze konzentréieren oder nozelauschteren dobäi, esou nach de Marc Schmidt.
Handelt et sech ëm eng ugebuere Stéierung oder grave Problemer an der Sproochentwécklung, kënnen d’Kanner och am Centre de Logopédie scolariséiert ginn. Déi meescht kéinten dann nom fréieren zweete Schouljoer an eng Reegelschoul integréiert ginn, erkläert den Direkter. Eng geziilte Betreiung kann de Kanner also hëllefen, hir schoulesch Leeschtung ze verbesseren. Verschidde Kompetenzen entwéckelen sech awer am beschten am ganz klengen Alter, zum Beispill d’Léiere vun der éischter Sprooch, egal wéi eng dat ass. Feelt esou eng gefestegt Basis an enger oder eventuell och zwou Sproochen, gëtt et spéider an der Schoul schwéier, fir an enger Friemsprooch, also op Däitsch oder Franséisch, alphabetiséiert ze ginn.
Fir déi éischt Sprooch oder Sproochen gutt ze léieren, brauch et vill Interaktioun. An do wiere mer erëm beim Spillen. De Problem ass – wéi scho gesot – keen individuellt Phänomen mee gesellschaftlech. Zäit ass rar. An domadder och d’Zäit, fir mat de Kanner eppes ze ënnerhuelen. Baussent dem eegenen Doheem geet dat awer dacks besser, gesäit d'Renée Fretz am Eltereforum: “D’Liewen ouni Spill geet net. Awer mir vergiessen dat. Mir ginn erwuessen a mir vergiessen ze spillen, well mer einfach esou vill ze dinn hunn.” Si ass Coordinatrice fir d'Strukturen am Zentrum a bemierkt am Eltereforum, dass Eltere ganz selbstverständlech matmaachen, danzen, bastelen oder sangen. Well si net am Hannerkapp hunn, wat nach doheem kéint erleedegt ginn. An d'Iddien aus den Aktivitéiten, kënnen d'Kanner an d'Elteren da mat heem huelen. Et géing och net dorëms goen, perfekt virzeliesen oder stänneg eng ganz Palette u pedagogesch wäertvollen Aktivitéiten unzebidden, betount d'Renée Fretz. Dacks sinn et déi einfach Erliefnisser, déi d'Kanner am Kapp behalen. Einfach un dat denken, wat ee selwer gären als Kand gemaach huet. Da kommen dacks déi beschten Iddien.
