Gemeng HesperFréier Beamte kréie Prisongsstrofen a musse Schuedenersatz bezuelen

Anne Wolff
De Geschäftsmann, deen an der Affär Hesper mat ugeklot war, krut ee Joer Prisong op Sursis an eng Geldstrof.
Urteel an der Affär Hesper
De Geschäftsmann, deen an der Affär Hesper mat ugeklot war, krut ee Joer Prisong op Sursis an eng Geldstrof.

Um Stater Geriicht gouf en Donneschdeg de Mëtten d’Urteel géint zwee fréier Beamte vun der Gemeng Hesper gesprach, déi sech iwwer Joren op Käschte vun der Allgemengheet beräichert haten. Den Haaptugeklote gouf zu siwe Joer Prisong, dovun 3,5 Joer mat Sursis, condamnéiert. Säin Acolyt, de Gemengentechniker, gouf zu fënnef Joer Prisong, dovun dräi mat Sursis condamnéiert. Donieft musse si Geldstrofen a Schuedenersatz bezuelen.

Urteel am Prozess Hesper / Reportage Michèle Sinner

De Marc Lentz, den Affekot vum Haaptugekloten, ass mam pénale Volet vum Urteel net onzefridden. “Do hat de Parquet aacht Joer gefrot. Mäi Client krut der siwen, dovun d’Hallschent op Sursis. Wann ee bedenkt, datt e schonn 3,5 Joer am Prisong souz, dann ass déi Strof eigentlech ofgesiess.

Donieft muss den Haaptugekloten, deen am Finanzservice vun der Gemeng Hesper geschafft huet, eng Geldstrof vun 50.000 Euro bezuelen. A virun allem der Gemeng Hesper an hirem Syndicat d’Initiative ronn 5,3 Milliounen Euro Schuedenersatz bezuelen. Do géif een iwwerleeën, an Appell ze goen, well keng Responsabilitéit vun der Gemeng Hesper zréckbehale gouf.

Soss wier de Montant manner héich gewiescht”, esou de Marc Lentz. Hien hat am Prozess plaidéiert, d’Gemeng Hesper hätt net déi néideg Prozeduren a Finanzkontrollen en place gehat, fir Abusen an Detournementer ze evitéieren. Eng Victime dierft awer net selwer zu hirem eegene Schued bäidroen. “Wa si d’Noutbrems éischter gezunn hätten, da wier et warscheinlech ni esou eng grouss Envergure ginn.”

Domat ass den Affekot vun der Gemeng, de Georges Pierret, awer guer net averstanen. “Et wier nach grad de Combel wann een, deen der Hesper Gemeng fënnef Millioune geklaut huet, nach géif e Kaddo kréien dofir, nach géif en Deel zeréckkréien, vun deem, wat hie geklaut huet.

Hien ass zefridden mam Urteel. “Et ass gutt, datt mol scho kloergestallt ginn ass, datt d’Hesper Gemeng an dëser ganzer Affär do kee Feeler gemaach huet.

De fréiere Gemengentechniker krut sengersäits nieft senger Prisongsstrof eng Geldstrof vun 30.000 Euro. Hie muss der Gemeng an dem Syndicat d’Initiative 1,7 Millioune Euro Schuedenersatz bezuelen. De Geschäftsmann, dee wéinst Korruptioun mat ugeklot war, krut ee Joer Prisong mat integralem Sursis an eng Geldstrof vu 15.000 Euro.

D’Geriicht huet eng Abberzuel Immobilien an Objeten definitiv confisquéiere gelooss an der Gemeng Hesper an hire Syndicat d’initiative zougesprach. Dorënner d’Haus vum Haaptugekloten zu Izeg, eng Wunneng zu Esch an säin Vakanzenappartement am Maroc, mä och en Aston Martin an eng Vespa. Hien hat bal 600.000 Euro op diverse Konte stoen.

Säi Matugekloten hat säin Haus scho verkaf, fir der Hesper Gemeng Suen zeréckzebezuelen. Bei him ware ronn eng hallwer Millioun Euro op senge Konten, deemno en Alfa Romeo an dräi Vëloen beschlagnaamt ginn.

Si hu 40 Deeg Zäit, fir géint d’Urteel an Appell ze goen.

Back to Top
CIM LOGO