
De Krich an der Ukrain an an der Welt stoppen, eng méi konsequent Klimapolitik, a méi sozial Gerechtegkeet - dëst sinn nëmmen e puer Sujeten, déi dëst Joer vun den Organisateuren OGBL an der Friddensplattform wäerten ugeschwat ginn.
“Nee zum Krich” - ënner dësem Motto soll dëst Joer de Friddensmarsch organiséiert ginn. Am Mëttelpunkt steet de Krich an der Ukrain. De Raymond Becker vun der Friddensplattform:
“Putin-Russland bombardéiert net nëmmen an engem vëlkerrechtswiddrege Krich d’Ukrain, mee sënngeméiss bombardéiert en och d’Gedanken an d’Iddie vun der Friddensbeweegung an net zu Lescht bombardéiert en och indirekt seng eege Populatioun, well e sech an en totalen Abseits an der Weltgemeinschaft setzt.”
Fir de Krich an der Ukrain sollt eng friddenspolitesch Léisung fonnt ginn an net eng militäresch.
“Mir brauchen eng nei Friddensuerdnung, déi sech lassléist vun ëmmer méi Waffen, ëmmer méi Panzer, ëmmer méi modern Waffen, Atomwaffen... Dat kann net Zukunft sinn, dat ka fir keen d’Zukunft sinn.”
Och sollt Russland fir seng Verbriechen, déi géint d’Vëlkerrecht verstoussen, de Prozess gemaach kréien:
“Mir hunn och deemools gesot, dass mer et géingen zu 100 Prozent ënnerstëtzen, dass d’Geriichter zu Den Haag, géingen dohinner goen an Enquêtë maachen opgrond vun deem, wat an deene leschte Stonnen awer och an deene leschte Joren, vun 2014 un an deem Ukrain-Konflikt geschitt ass.”
E weidere Sujet, deen op dem Friddensmarsch wäert ugeschwat ginn, ass de Klimawandel. D’Klimaziler, déi am Paräisser Ofkommes festgehale gi sinn, solle méi konsequent verfollegt ginn. De Gary Diderich vun der Friddensplattform:
“Mir si ganz wäit ewech vun enger konsequenter Klimapolitik. Mir fuerderen dowéinst, dass d’Lëtzebuerger Regierung sech d’Moyene gëtt fir vill méi schnell op d’Ofhängegkeet vun de fossillen Energien ze reagéieren a vill méi schnell déi Saachen en Place ze setzen, déi se zum Deel ukënnegen. Oder einfach ebe Primme verdeelen, wou een dono net weess wat domadder geschitt an dat ass e Problem an dee bezuele mer am Moment.”
D’Organisateure wëllen sech fir eng méi friddlech Zukunft asetzen. Et wieren déi Jonk, déi mat de Konsequenze vun den aktuelle Problemer liewe missten, de Raymond Becker:
“Dat do ka jo net Zukunft si vun der Jugend. Dat kann et jo net sinn. Ëmmer méi Waffen, ëmmer méi Ongerechtegkeeten op der Welt, dat ka jo net hir Zukunft sinn.”
Den Treffpunkt fir de Friddensmarsch ass den 18. Abrëll um 15:00 um Glacis.