VIDEO: Asselborn a PakistanFriddensverhandlungen a Spannungen mat Indien

RTL Lëtzebuerg
Pakistan war déi lescht Etapp dës Woch, vum Ausseminister Jean Asselborn senger Rees an Zentralasien.
De Jean Asselborn am Pakistan
Pakistan war déi lescht Etapp dës Woch, vum Ausseminister Jean Asselborn senger Rees an Zentralasien.

De Jean Asselborn am Pakistan

Pakistan war déi lescht Etapp dës Woch, vum Ausseminister Jean Asselborn senger Rees an Zentralasien.

Haaptsujeten do: déi aktuell Friddensverhandlunge mat den afghaneschen Taliban zu Doha an déi rezent Spannunge mam Nopeschland Indien.

Visitt bei 2 Zaldoten am Afghsnistan

2 Lëtzebuerger Zaldoten am Afghanistan
Zwee lëtzebuerger Zaldote leeschten hiren Déngscht den Ament an Afghanistan, op der NATO-Militärbasis vu Mazar-i-Sharif.

Den Ausseminister Jean Asselborn huet am Kader vu senger Afghanistan-Visite des Woch drop gehalen déi zwee Zaldoten ze begéinen.

D’Cargolux kritt dann och Landerechter ënnert anerem an der usbekescher Haaptstad Tashkent zougeséchert. Fir déi lëtzebuergesch Fluchgesellschaft bedeit dat e wichtege méiglechen Tëschestop fir Flich an, an aus Ostasien.

© RTL Archiv

Déi fréier Sowjetrepublik Usbekistan ass eng vun den zentralasiatesche Natiounen, déi sech an engem luesen Demokratiséierungsprozess op d'EU zou dirigéiert. Human Rights Watch gesäit an der Natioun, nom Enn vum autoritäre Karimov-Regime, eng Verbesserung vun der Situatioun vun de Mënscherechter. D'Land hätt keng politesch Prisonéier méi, wéi den Ausseminister Jean Asselborn vun offizieller Säit confirméiert krut. An och der wäitverbreeter Kanneraarbecht an der Kotteng-Industrie géif mat Scolariséierungsprogrammen entgéint gewierkt ginn, heescht et offiziell.

Donieft ass den Ament ënner Lëtzebuerger Féierung zu Tashkent e Seminaire vun der EBRD, der European Bank for Reconstruction and Development, dee sech mam Thema vun der Bekämpfung vun der Korruptioun befaasst. De Seminaire riicht sech u Vertrieder aus ënner anerem Kasachstan, Kirgistan an Usbekistan.

De Krich am Afghanistan ass fir d'USA dee längsten an hirer Geschicht

An de leschte Woche sinn zu Doha am Qatar Friddensgespréicher gelaf tëscht den afghaneschen Taliban a Vertrieder vun den Amerikaner, wat laang kee fir méiglech gehalen hätt.

De Jean Asselborn am Afghanistan
An de leschte Woche sinn zu Doha am Qatar Friddensgespréicher gelaf tëscht den afghaneschen Taliban a Vertrieder vun den Amerikaner.

De President Trump huet sech zum Zil vu senger Aussepolitik gesat, seng Truppen sou séier wéi méiglech ofzezéien.

Dat wier och d’Enn vun der NATO-Friddensmissioun an et géif een d’Land den Taliban iwwerloossen, sollt Doha zu kengem Resultat féieren, dat seet de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn, dee fir diplomatesch Gespréicher zu Kabul war.

Fir RTL mat dobäi waren de Petz Bartz an de Mike Elsen.

Back to Top
CIM LOGO