
Eng Friteuse war a Brand geroden, dee séier op d'Miwwele ronderëm iwwergräife konnt. Béid Awunner konnten d'Wunneng mat Zäite verloossen an d'Pompjeeën alarméieren.
Nach éier d'Pompjeeën op der Plaz ukomm sinn, huet en Noper konnten d'Feier mat Hëllef vun engem Feierläscher ausmaachen a Schlëmmeres verhënneren.

D'Pompjeeën hu sech drëm gekëmmert d'Gebai gutt duerchzelëften. Well et awer net méiglech war, d'Leit zeréck an d'Wunneng ze loossen, huet d'Gemeng Gréiwemaacher sech drëm gekëmmert d'Awunner op enger anerer Plaz ënner ze kréien. Et gouf kee blesséiert, ma de Materialschued ass héich.

Da mellt de CGDIS nach, dass zu Beggen an der rue Jean-Baptiste Nothomb Brennholz Feier gefaangen hat, dat géint 23.40 Auer.
Um 2.36 Auer e Freideg de Moien gouf et zu Betzder nach e klengen Tëschefall duerch en Elektrik-Problem.
Liicht verwonnt gouf eng Persoun en Donneschdeg den Owend an engem Accident géint 19.45 Auer zu Miersch an der Rue de Colmar-Berg. Zwee Ween haten sech ze pake krut.