
Den CSV-Deputéierte Gilles Roth wollt an enger Aktualitéitsstonn an der Chamber wëssen, wou dës Augmentatioun hierkéim an huet virgerechent, wat d’Tubaksindustrie dem Land finanziell bréngt. 800 Milliounen Euro un Akzisen an 220 Milliounen Euro TVA géing de Staat duerch Tubaksproduiten erakréien, wat 1.500 Euro pro Awunner wieren, sou de Gilles Roth. Am Verglach zu deenen anere Budgetsposte wier dëst carrement verréckt.
Den Direkter vum Enregistrement hätt drop higewisen, dass dëst Méi u Sue kéint duerch Schmuggel a Blanchiment kommen. D’Präisser vum Tubak sinn hei am Land nämlech e gutt Stéck méi niddereg ewéi an den Nopeschlänner.
Eng Äntwert op d’Fro vun der CSV huet d’DP-Finanzministesch Yuriko Backes net ginn. Si sot och net wisou et keng graduell Upassung un d’Präisser an den Nopeschlänner géing ginn. Si huet dorop higewisen, dass dës Recettë 5 Prozent vum Staatsbudget géingen ausmaachen.
Déi Gréng, d’LSAP an Déi Lénk waren der Meenung, et soll een d’Steieren op Tubaksproduiten an d’Luucht setzen, am Sënn vun der Gesondheet vun de Bierger.