
Béid Chauffere goufe schwéier blesséiert a koume mat 2 Rettungshelikopteren an d'Klinik. Eng Persoun schwieft nach a Liewensgefor.
De Miess- an Erkennungsdéngscht war op der Plaz. D'Strecke gouf wärend e puer Stonne gespaart.
Eventuell Zeie si gebieden, sech bei der Dikrecher Police ze mellen um (+352) 244 80 1000.
E Freideg gouf et nach e puer weider Accidenter. Tëscht Brouch a Recken waren zwee Autoen net laanschtenee komm. Hei gouf eng Persoun liicht blesséiert.
Zu Ettelbréck gouf et an der Rue de Bastogne een Accident mat zwee Autoen. Och hei gouf eng Persoun liicht blesséiert.
Op der A3 a Richtung Metz hat et tëscht 2 Autoe geknuppt. Eng Persoun gouf liicht blesséiert.
Zu Hesper an der Diddenuewener Strooss gouf eng Persoun vun engem Auto ugestouss.
Accident och an der Nuecht op e Samschdeg géint 3.15 Auer op der Streck tëscht Groussbus a Mäerzeg. En Auto hätt sech hei iwwerschloen, an et gouf direkt 3 Blesséierter. Nieft de Secouriste vu Réiden, Groussbus, Ettelbréck, Dikrech an aus dem Préizerdaul war och de Samu-Noutdokter op der Plaz.
Um Samschdeg de Moien um 10.20 Auer gouf zu Jonglënster op engem private Parking an der Rue de Godbrande eng Persoun ugestouss, dat mellt de CGDIS. D’Persoun selwer an de Chauffer goufe liicht blesséiert.