Vill ze séierFuerverbuet vun 9 Méint mat Sursis an 800 € Geldstrof

RTL Lëtzebuerg
E Freideg de Mëtteg goufen déi Automobiliste veruerteelt, déi mat 160 km/h um Rouscht a mat 174 km/h zu Märel ënnerwee waren.

Allkéiers e Fuerverbuet vun 9 Méint mat Sursis an 800 Euro Geldstrof: Dozou goufen e Freideg am Nomëtten um Stater Geriicht zwee Automobiliste veruerteelt, déi am November schëtzeg ënnerwee waren. Deemools war e Mann op der N7 um Rouscht mat 160 Kilometer an der Stonn vum Radar geblëtzt ginn, do wou 90 erlaabt ass; bei enger Fra dann hat de Radar beim Rond-point zu Märel, wou ee 70 fueren däerf, souguer 174km/h ugewisen.

Déi zwee ware viru 7 Méint och net déi 1. Kéier mat ze héijer Vitesse erwëscht ginn. De Mann war am Mee zejoert schonn emol ze séier gefuer an d'Fra ewell am Juni 2016 an och 2017; donieft war si och eng Kéier beim Telefonéieren iwwert dem Fueren ugehale ginn.

Back to Top
CIM LOGO