
Eemol méi Fuerverbuet wéi gefrot an zwee Fuerverbueter entspriechend dem Requisitoire vum Vertrieder vum Parquet: Sou kann een d'Uerteeler, en Dënschdeg, um Stater Geriicht an 3 Affäre vun op en Neits ze séierem Fuere resuméieren. Déi 3 Ugeklote goufen dunn zu Geldstrofe vun tëscht 500 a 700 € veruerteelt an zu Fuerverbueter vun tëscht 9 Méint mat Sursis an engem Joer fest, mat Ausnam vum Wee fir op d'Schaff.
Ënnert anerem hat e jonke Mann de Prozess gemaach kritt, well hien am Februar 2017 vum Radar zu Märel mat 125 amplaz vun den erlaabte 70 geblëtzt gi war.
Am Prozess hat hie gesot, sech net bewosst gewiescht ze sinn, dass d'Vitesse op där Plaz limitéiert wär; hien hätt geduecht, et wären nach ëmmer 130km an der Stonn erlaabt. De Mann war och ewell eng Kéier mat 141km/h an engem Tunnel geblëtzt ginn. Dem Vertrieder vum Parquet no wär de Beschëllegten net op d'Strooss konzentréiert gewiescht, well d'Vitesse do no an no erofgoe géif. Et sollten dowéinst eng Geldstrof an e Fuerverbuet vu 6 Méint mat Sursis gesprach ginn: Eraus koumen eng Geldstrof vu 500 € an e Fuerverbuet vun 9 Méint mat Sursis!
En eppes méi ale Mann, deen am Mäerz zejoert mat 146 amplaz vun 90 tëscht Dippech an Helfent ënnerwee war, hat erkläert, dass hien d'Gesetzer kenne géif; kee Wonner, beim schonn 3. Virfall an deem Sënn, no 2014 an 2015! Hien hat sech awer och entschëllegt dofir. Fir de Vertrieder vum Parquet sollten eng ugemoosse Geldstrof an e Fuerverbuet vun engem Joer gesprach ginn, wouvun de Wee op d'Aarbecht ausgeholl wär: Am Uerteel sti 600 € Geldstrof an e Fuerverbuet vun engem Joer, mat Ausnam vum Wee fir op d'Schaff.
Den Eelste vun de Beschëllegten dann hat am September 2017 zu Fréiseng 79 amplaz vu 50 um Tacho. E Client hätt him, Taxichauffer, gesot, méi séier ze fueren, wat hien och gemaach hätt. Hien, deen och schonn e puer Condamnatiounen an deem Sënn huet, hat gemengt, hie géif probéieren, dat z'änneren. An den Ae vum Vertrieder vum Parquet sollte wéinst den Antécédenten eng ugemoosse Geldstrof an e Fuerverbuet vun 12 Méint gesprach ginn, mat der Ausnam vum Wee op d'Aarbecht: De Riichter huet 700 € Geldstrof festgehalen an e Fuerverbuet vun engem Joer, wouvun de Wee op d'Schaff ausgeholl ass.