Police-BilanFuesent: 150 Permise fort wéinst Alkohol, 1.047 Chaufferen ze séier

RTL Lëtzebuerg
Wéi all Joer huet d'Police och wärend der Fuesent 2019 präventiv a repressiv Kontrolle gemaach. Alkohol a Vitesse stoungen dobäi am Fokus.
© RTL Télé Lëtzebuerg Archivfoto

Vu Mëtt Februar bis Mëtt Mäerz goufe 600 Kontrolle gemaach. 150 Permise goufen agezunn a 15 Mol gouf et e Protokoll wéinst Alkohol um Steier. Am Ganze kruten 1.047 Automobilisten e Protokoll well se ze séier waren, 12 Mol gouf wéinst Vitesse och de Permis agezunn.

Wéi d'Police schreift, war d'Zil vun de Kontrollen, Accidenter ze vermeiden an d'Sécherheet op de Stroossen ze verbesseren. Dat awer net nëmmen zur Fues-Zäit, mä dat ganzt Joer iwwer. Ee vun 3 déidlechen Accidenter wier op Alkoholmëssbrauch zeréckzeféieren.

Back to Top
CIM LOGO