
Déi zweet Riichter hunn dat Uerteel nämlech gekippt! De Mann sollt u sech säi Permis fir 1 Joer ofgeholl kréien, well keng Punkte méi drop waren. Duerch d'Uerteel vum Tribunal administratif hätt hien awer weider däerfe mam Auto fueren. D'Cour administrative huet dem Mann säin initiale Recours allerdéngs elo zréckgewisen.
Den Tribunal administratif hat viru knapp 4 Méint zwou Decisiounen an en Arrêté vum Minister François Bausch aus dem Dezember 2017 annuléiert. Am Januar hat de Staat géint dëst Uerteel Appell gemaach.
D'Riichter vun der Cour administrative halen an hirem Uerteel fest, dass d'Ofzéie vu Punkten eng automatesch Konsequenz duerstellt, sief et vun enger Veruerteelung, déi net méi ze widderruffen ass, sief et vum Fait, dass den Auteur vun enger Infraktioun de Protokoll bezuelt huet. An deem Kontext misst de Polizist, deen d'Infraktioun festgestallt huet, den Auteur, ier en deem de Protokoll iwwerreecht, doriwwer a Kenntnis setzen, dass hien op Grond vun deem Protokoll Punkten ewechgeholl kritt. Fir sécher ze goen, dass den Auteur vun der Infraktioun déi Informatioun matkrut, muss de Polizist hien ënnerschreiwe loossen, dass hien iwwert d'Ofzéie vu Punkten informéiert gouf, well hien e Protokoll krut. Woubäi dës Informatioun misst komplettéiert ginn duerch d'Wierder „lu et approuvé“. Wann de Betrag vum Protokoll, sou wéi an dësem Fall, net op der Plaz ka bezuelt ginn, kritt den Auteur eng Convocatioun, op där d'Rubrik Punkteführerschäin ausgefëllt ass. Dat Dokument hat de Staat am Appell virgeluecht.
Duerch d'Wierder „lu et approuvé“ géif den Auteur op säin Accord domat higewise ginn, falls hien ënnerschreift, sou déi zweet Riichter. An deem heite Fall wär d'Rubrik „Permis à points/Information perte de points“ mat der Zuel 2 ausgefëllt ginn. Well den Auteur seng Ënnerschrëft dorënner gesat hat, goufen d'Formalitéite respektéiert. Hie wär deemno „en bonne et due forme“ iwwert de Punkteverloscht informéiert ginn. D'Cour administrative kéint dofir d'Konklusioune vun den 1. Riichter net deelen, dass de Mann net doriwwer informéiert gouf, dass hien zwee Punkten ewechgeholl kritt. Den Tribunal hätt awer net kënne wëssen, dass de Mann ënnerschriwwen hat, well de Staat de Protokoll am 1. Prozess net virleeë konnt. Deemno wär et falsch gewiescht, déi 3 Decisioune vum François Bausch z'annuléieren, wär de Recours vum Mann dogéint als net fondéiert zréckzeweisen a misst deen och fir d'Fraisen opkommen.