
Den 11. Juni gëtt zu Bous a Waldbriedemes zwar nach an zwou getrennte Sektioune gewielt, ma vum 1. September u sollen déi zwou Gemengen aus dem Oste vum Grand-Duché fusionéieren. Am Abrëll 2022 haten d’Bierger an zwee Referende gréng Luucht ginn. Wärend zu Bous ronn 57 Prozent derfir waren, waren et der zu Waldbriedemes esouguer 75 Prozent. Den 9. Februar dëst Joer hat d’Chamber dann unanime d’Fusiounsgesetz mat enger Enveloppe vu 6,5 Milliounen Euro ugeholl an domat de Wee fir d’Fusiounsgemeng Bous-Waldbriedemes fräigemaach.
Ma ganz fräi war de Wee dunn op eemol awer net méi. Mëtt Abrëll haten nämlech d’Kolleege vum “Radio 1007" gemellt, datt et am Gemengerot zu Bous rumouert, dat well een zu Waldbriedemes verschidde Reglementer, beispillsweis am Beräich vun der Schoul, gestëmmt hat, ouni sech virdru mam Noper ofzeschwätzen. Well ee sech mat Bléck op déi geplangten nei Märei um Territoire vun der aktueller Gemeng Waldbriedemes nach a verschiddene Punkten, ënnert anerem beim Wärmenetz, net ganz eens ass, hat de Bouser Gemengerot eestëmmeg eng Resolutioun ugeholl, an där gefuerdert gëtt, datt Waldbriedemes virun de Walen net méi iwwert de Projet ofstëmme sollt.
Rumeuren iwwert ee Cavalier seul fir Fusioun nach ze stoppen
Et konnt ee sech deen Ament d’Froe stellen, ob et net méi einfach gewiescht wier, wann ee sech um Niveau vun de Schäfferéit ausgetosch hätt an ob d’Stëmmung net vergëft ass. Rezent gouf et esouguer d’Rumeur, datt et vun enger Säit ee Cavalier seul beim Inneministère ginn hätt, fir d’Fusioun op Äis ze leeën. Confirméiert gouf dëst op e puer Nofroen hin awer net.
Ma vum Thomas Wolter, Buergermeeschter vu Waldbriedemes, ass et d’Ausso, datt de Gemengerot der Fuerderung vu Bous schonn den 19. Abrëll nokomm ass an unanime decidéiert hätt, virun de Walen net méi iwwert de Projet vun engem neie Gemengegebai ofzestëmmen. Déi Decisioun sollt deen neie Gemengerot huelen. Wéi säin Homologe vu Bous, de Carlo Kütten, ënnersträicht och den Thomas Wolter, datt een nach ëmmer hannert der Fusioun steet. Déi zwee Gemengepäpp gi jo net méi mat an d’Walen. Den Thomas Wolter fënnt et iwwerdeems eng gutt Iddi, wann déi aktuell Schäfferéit no de Walen den designéierte Schäfferot bei der Virbereedung vun der Organisatioun vun der neier Verwaltung, déi vum 1. September un en place wäert sinn, berode géingen.
Deen neie Gemengerot wäert aus eelef Conseillere bestoen, sechs aus der Sektioun Bous a fënnef aus der Sektioun Waldbriedemes. Fir eng Iwwergankszäit vun enger Legislaturperiod wäert de Schäfferot aus véier Membere bestoen, zwee aus der Sektioun Bous an zwee aus der Sektioun Waldbriedemes.