Op Eise StroossenGanz vill Alkohol erëm am Spill

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet um Sonndeg den Owend op e puer Plaze wéinst Alkohol um Steier missten agräifen.
© AFP

Géint 19.15 Auer ass op der Streck tëschent Krautem an Helleng ee Won opgefall, dee Schlaangelinne gefuer ass. Nodeems d'Police den Auto gestoppt hat, huet de Chauffeur däitlech Unzeeche vun Alkoholkonsum gewisen. D'Bereetschaft, en Alkoholtest ze maachen, hat de Chauffeur och net. Dorops gouf e Fuerverbuet an e Protokoll géint de Mann erlooss.

Um spéiden Owend géint 21.15 Auer ass d'Police dunn nach wéinst engem Tëschefall mat 3 Autosfuerer zu Holzem geruff ginn. Wéinst enger Meenungsverschiddenheet hunn 2 Autosfuerer een anere Chauffeur dru gehënnert weiderzefueren. Et konnt séier festgestallt ginn, dass dës sichtlech onzefridde Fuerer e bëssen ze déif an d'Glas gekuckt haten. Well den Alkoholtest fir ee vun de Chauffeure positif ausgaangen ass, krut dëse säi Permis direkt ewechgeholl. De Kolleg ass mat engem Protokoll dervu komm.

Back to Top
CIM LOGO