Zu Sëll, Steebrécken a KënzegGanzer 1.142 Chauffere bei Alkoholkontrolle gestoppt, 11 hate gedronk

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet e Freideg den Owend an an der Nuecht op e Samschdeg eng Rei Alkoholkontrolle gemaach, déi de Parquet ordonéiert hat.
Am Ganze goufen 1.142 Chauffere vun e Freideg op e Samschdeg ugehalen.
© RTL-Archiv

Tëscht 17:45 an 21 Auer hunn 949 Chaufferen e Freideg zu Sëll misse blosen. A 6 Fäll war den Test positiv, zwee Chaufferen hunn de Fürerschäin op der Plaz missen ofginn. An 11 Fäll gouf et eng Infraktioun, well sech net un de Code de la route gehale gouf.

Méi séit du stoung d'Police tëscht 22 an 23:30 Auer zu Steebrécken. Hei goufen 148 Automobiliste kontrolléiert. Do hätten 2 Persounen net méi dierfe fueren. Da gouf et nach 5 Fäll, wou d'Pabeiere vum Gefier net an der Rei waren.

Zum Schluss war et nach eng Kontroll tëscht 00:30 an 02:00 Auer u Kënzeg. Do goufe 45 Chauffere gestoppt a bei 3 Persoune war den Test positiv. Hei ass et bei engem Protokoll bliwwen.

Back to Top
CIM LOGO