
Elleng e Martin Schulz kann d'Rudder net ëmrappen, esou huet de Porte-Parole vun déi Lénk Gary Diderich um Méindeg de Moie bei eis am Studio d'Wahlresultat am Nopeschbundesland kommentéiert.
Mam Slogan "D'Leit staark maachen", ginn déi Lénk heiheem an d'Campagne fir d'Gemengewalen. Ee vun den themateschen Haaptschwéierpunkter wäert de Wunnengsproblem sinn. D'Oppositiounspartei, déi bis ewell a 5 Gemengeréit am Land vertrueden ass, wëll am Oktober mat sou vill Lëschten untrieden wéi nach ni. Et wéilt een op d'mannst op 10 kommen, sot eisen Invité vun der Redaktioun.
Fir déi Lénk wier et awer virun allem wichteg, d'Leit fir d'Saach a fir en Engagement an de Gemengen ze mobiliséieren.
Ugeschwat op der LSAP hir Warnung virun enger Rechtskoalitioun vun CSV an adr huet de Gary Diderich gemengt, déi Lénk wéilte sech manner mat Muechtspillereien a méi mat Inhalter befaassen. D'Méiglechkeet wier awer sécher net ausgeschloss.
Invité vun der Redaktioun e Méinden de Moie géint 10 op 8 war de Gary Diderich vun déi Lénk.