Wéi geet et de Long Covid-Patienten haut?Gary Robinson: Kann zanter Mäerz 2021 net méi schaffen

RTL Lëtzebuerg
De Gary Robinson huet eis Rendez-vous ginn iwwer Visio-Konferenz. Den 49 Joer ale Mann ass virun e puer Méint zréck an Irland geplënnert.
Wéi geet et de Long Covid Patienten haut?
De Gary Robinson huet eis Rendez-vous gi iwwer Visio-Konferenz. Den 49 Joer ale Mann ass virun e puer Méint zréck an Irland geplënnert.

Lieft elo bei sengen Elteren. Hie kann och no méi wéi 18 Méint nach ëmmer net schaffen.

Am Dezember 2020 hat de Gary de Covid, war vill krank. D’Long-Covid-Symptomer sinn awer réischt 3 Méint drop opgetrueden. Deemools hat hien d’Gefill, wéi wann Elektresch duerch säi ganze Kierper géif zéien. Hie konnt net méi schlofen, war mat Kappwéi geplot. De Mann, dee wëssenschaftlech Etüden am Liser gemaach huet, konnt sech knapp nach 20 Minutten um Stéck konzentréieren.

“Wann ech e Rendez-vous hunn, wéi deen haut, kann ech de ganzen Dag soss näischt maachen. Da muss ech raschten, ech ka kee Buch liesen, kee Film kucken. Et ass keng normal Middegkeet. Et ass wéi, wann dir är Batterië 5-10% gelueden hätt an dir misst de ganzen Dag domadder aushalen”, sot de Gary Robinson am Mäerz 2022 RTL géintiwwer.

Haut geet et dem Gary net vill besser. A wann et liicht biergop géing, misst een oppassen sech net ze iwwerhuelen, esou d’Erfarung, déi de Gary rezent nees gemaach huet. Wéi hien eng Demande ausgefëllt hat, fir eng sozial finanziell Ënnerstëtzung vum iresche Staat ze kréien. Méi wéi 10 Säite Pabeieren. Dat wär esou ustrengend gewiescht, datt hien elo nach d’Nowierkunge spiere géif, erzielt eis de Gary.

“Wann s du dech iwwerhëls, da leefs du bäi. D’Symptomer gi vill méi schlëmm an et dauert laang, bis du nees do bass, wou’s du virdru waars.”

Dat wär him geschitt: Tinnitus, Problemer mat der Vue, verschidden Zorte Kappwéi, d’Gehier géif net richteg schaffen, hie kéint zanterhier och kaum nach Musek lauschteren.

De Gary Robinson gouf deemools am Kader vum Long Covid-Programm an der Rehaklinik vum Ettelbrécker CHNP psychologesch begleet. D’Behandlung huet als Zil, kognitiv Fäegkeeten ze verbesseren, awer och de Leit ze hëllefen am Alldag besser mat hirer Krankheet eens ze ginn.

Ëmmer méi Long-Covid-Patiente mat chronesche Problemer

Am Ufank hat d’Rehaklinik vum CHNP zu Ettelbréck manner Patienten. Dat hätt sech awer am Laf vun der Zäit geännert, erkläert den Dr phil. Charel Benoy, Psychotherapeut am CNHP. Persoune mat chronesche Problemer géifen haut d’Halschecht vun de Long-Covid-Patienten ausmaachen, déi an der Rehaklinik betreit ginn. “Déi mer zum Deel och bal zwee Joer begleeden. Déi ënner psycheschem, wéi och chroneschem Belaaschtungssyndrom leiden.”

Am nächste Joerzéngt kéint Long Covid zu enger neier Vollekskrankheet ginn. Dat geet aus enger Modelléierung ervir, déi rezent am renomméierte Magasinn Nature verëffentlecht gouf, an där no Zuel vu Betraffenen un déi vu Patiente mat kardiovaskuläre Problemer erukomme kéint.

“Dat bedeit, mir hunn op emol vill Mënschen, déi ënner engem vergläichbare Syndrom leiden, déi net oder net méi déi selwecht Roll an der Gesellschaft kënne spille wéi bis elo. Déi zum Deel oder komplett invalidéiert sinn, déi awer jonk sinn oder bis dato mat zwee Féiss am Liewe stoungen.”

Do muss ee Weeër sichen, fir dës Patiente würdevoll an der Gesellschaft ze halen a se an d’Aarbechtswelt ze reintegréieren, seet de Charel Benoy.

De Gary Robinson fir säin Deel deet sech schwéier, fir optimistesch an Zukunft ze kucken. “Wie stellt eng Persoun an, déi sech just 15 Minutten um Stéck konzentréiere kann an duerno eng Stonn raschte muss”, freet hie sech.

De Mann huet och net d’Gefill, wéi wa vill Suen an d’Recherche iwwer Long Covid fléisse géifen. Senger rezenter Erfarung an Irland no hätten d’Medezinner och net Zäit, sech an de Sujet anzeliesen. Besonnesch erniichterend wär e Rendez-vous bei engem Neurolog gewiescht. Dësen hätt him gesot, “alles psychosomatesch, just an Ärem Kapp!”

----------------------------

Chronesch Middegkeet, Kuerzootmegkeet, Schwieregkeete sech ze konzentréieren: Dat sinn nëmmen e puer vun de méi wéi 200 Symptomer, déi bei Long Covid optriede kënnen. Vu Long oder och Post Covid schwätzt een, wa Patienten 3 Méint no enger SARS-CoV2 Infektioun ënner bestëmmte Symptomer leiden. Der WHO no wieren 10-20% vun de Persoune betraff, déi de Covid haten.

Zu Lëtzebuerg gëtt et zanter gutt zwee Joer e Programm fir Long Covid-Patienten. Déi zentral Ulafstell ass am CHL. Vun hei aus ginn d’Patiente jee no Problematik fir d’Therapie entweder an de Rehazenter op de Kierchbierg, an d’Thermalbad op Munneref oder an d’Rehaklinik vum CHNP op Ettelbréck geschéckt.

Stand 27. November 2023 goufen am Ganzen 1.234 Betraffener am Long Covid-Programm opgeholl. D’Altersmoyenne vun dëse Patiente läit bei 47,4 Joer. 64,3% si Fraen, 35,7% Männer. D’Duerchschnëttsdurée vun der Prise en charge ass 307 Deeg. 586 hunn de Parcours ofgeschloss.

-----------------------------

Mireille Mulheims: Otemproblemer fort, nach ëmmer midd a Schwieregkeete mat der Konzentratioun

D’Mireille Mulheims ass eng vun den éischte Patientinnen, déi am August 2021 zu Munneref am Thermalbad e puer Woche laang géint de Long Covid behandelt gouf. Ënner anerem fir nees besser Loft ze kréien. Si gëtt och psychologesch encadréiert, fir mat hirer Situatioun eens ze ginn. D’Familljemamm ass mat schrecklecher Middegkeet geplot a culpabiliséiert, well hir d’Energie feelt, fir vill mat hire Kanner ze ënnerhuelen. Dernieft huet si Konzentratiounsproblemer, et fält hir dacks schwéier d’Wierder ze fannen.

Wann ech e Stressdag hat, konnt ech den Dag drop einfach guer näischt méi maachen. Ech hat nach eng Kéier all d’Corona-Symptomer. De Kierper huet mer virgespillt, ech wär erëm krank”, erkläert d’Mireille am Summer 2021.

Och zwee Joer méi spéit, leit si no Stress-Situatiounen ënner Corona-Symptomer, erzielt eis d’Mireille bei eisem Besuch elo am Dezember. D’Konzentratiounsproblemer an d’Middegkeet wiere bliwwen, esou d’Educatrice, déi nees voll Zäit schafft. “Et geet, awer et geet net ëmmer gutt. Et si Momenter, wou ech heem kommen an da geet guer näischt méi. An da leeën ech mech dohinner a schlofen eng Stonn.”

Duerno kéint si nees urappen, et géif awer och villes doduerch leie bleiwen, bedauert d’Mireille. No der Kur am Munnerëffer Thermalbad hätt si hiren Dossier vun der Long-Covid-Zentral am CHL zréck geschéckt kritt mam Vermierk, datt ee lo net méi vill weiderhëllefe kéint. Dat war am Hierscht 2021. Zanterhier war déi 55 Joer al Fra net méi an enger spezieller Behandlung. Si hat sech deemools virgeholl, ze léiere mat hire Problemer eens ze ginn.

Samuel Clerc: “Form ass nees quasi normal”

Ënner schwéieren Otemproblemer huet och de Samuel Clerc laang gelidden. Dofir war hien och am Rehazenter an der Long-Covid-Therapie. 4 Méint laang, 3 Seancen d’Woch vun all Kéiers 3 Stonnen. Dat war ier mir hien am Januar 2022 kennegeléiert hunn. Deemools konnt de fréiere Leefer knapp ee Kilometer lafen.

Am Dezember 2023 hu mir Rendez-vous am Parc vun der Coque. De Samuel kënnt gejoggt, erzielt eis, datt et him haut vill besser geet. “J’arrive à courir comme à l’époque avant le Covid. Je cours régulièrement plusieurs dizaines de kilomètres même. Donc un effort quasi normal.”

Allerdéngs ass de Samuel zanter senger Covid-Infektioun am Oktober 2020 Asthmatiker. Säi Gerochssënn wär bis haut net richteg zréckkomm. De Geschmaachssënn hätt sech verännert. Vun der schwéierer Middegkeet huet hie sech erholl. Just wann hie krank wär, kéim se nees verstäerkt zum Virschäin. Da kéimen och d’Otemproblemer zréck. Déi géifen dann ongeféier 3 Wochen undaueren.

Back to Top
CIM LOGO