
Déi gouf an enger Propan-Zetär vun 55.000 Liter festgestallt, firwat séier e gréissere Sécherheetsperimeter ageriicht gouf. Et hat een och suivéiert, a wéi eng Richtung de Wand bléist, fir ze verhënneren, dass eventuell bewunnte Gebidder concernéiert kéinte sinn.
Vum Spriecher vum CGDIS huet et am Laf vum Freideg geheescht, datt d'Aarbechten um Freideg den Owend ofgeschloss wieren. Wéini d'Bensinsstatioun dann nees géif opgoen, dat wier um Bedreiwer ze decidéieren.

Eng spezialiséiert Firma gouf och geruff, fir déi genee Plaz vun der Fuite ze detektéieren, wat awer net sollt geléngen. Dofir gouf d’Decisioun getraff, fir d’Zetär komplett eidel ze maachen. Eng Initiativ, déi och um Freideg de Moien nach ëmmer am gaangen ass.
Dofir gëllt weiderhin e Sécherheetsperimeter, an en Deel vun der Tankstell a Richtung Frankräich ass och weiderhin net accessibel.

De CGDIS mellt am Bulletin, dass Pompjeeë vu Réiser, Beetebuerg, Hesper, Keel, Esch, Dippech an aus der Stad am Asaz waren, respektiv sinn, grad ewéi eng Ambulanz vu Beetebuerg.