Zwee BlesséierterGasfläsch zu Veianen explodéiert

Andy Brücker
E Sonndeg den Owend goufen zwou Persoune verwonnt, wéi zu Veianen eng Gasfläsch explodéiert ass.
© Jeannot Ries

D'Pompjeeë vu Veianen, Pëtschent an aus der Nordstad waren e Sonndeg géint 20:30 Auer gefuerdert, nodeems an der Dikrecher Strooss zu Veianen eng Gasfläsch explodéiert war. Zwou Persoune goufe verwonnt a si goufe vun zwou Ambulanzen aus der Nordstad an d'Spidol bruecht.

Fir de Recht mellt de CGDIS um Sonndeg den Owend nach e Poubellesbrand am Neiduerf, e Feldbrand zu Péiteng an e Grill dee gebrannt huet zu Gréiwemaacher. Bei all dësen Tëschefäll gouf kee verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO