Invité vun der Redaktioun (11. Mee)Gast Gibéryen iwwer 30 Joer ADR: Et waren turbulent Zäiten

RTL Lëtzebuerg
Invité vun der Redaktioun en Donneschdeg de Moie géint 10 op 8 war den ADR-Deputéierten.
Invité vun der Redaktioun: Gast Giberyen (11. Mee)
Invité vun der Redaktioun en Donneschdeg de Moie géint 10 op 8 war den ADR-Deputéierten.

D'ADR feiert en Donneschden 30 Joer. Vun der Eepunkt-Partei fir Rentegerechtegkeet zu enger Partei mat Grondsazprogramm war et e laange Wee, sot en Donneschden de Moien de Gast Gibéryen; hie war eisen Invité vun der Redaktioun.

30 Joer ADR
Déi alternative demokratesch Reformpartei huet um Donneschdeg hiren 30. Gebuertsdag gefeiert a fillt sech esou vereent wéi ni.

Dee Wee war net ëmmer einfach. Et hätt een turbulent Zäite gehat. D'Partei hätt awer elo hir Rou fonnt a géif esou gutt do stoen, wéi nach ni.

Mir sinn d'Original, betount de Gast Gibéryen an dowéinst soll een d'ADR wielen, net d'Parteien, déi hir Iddie géife kopéieren, fir Stëmmen ze kréien. Hie gleeft och drun, datt d'ADR et d'nächst Joer kéint – mat der CSV - bis an d'Regierung packen. D'Chancë wären esou gutt wéi nach ni. An der Lescht hätt d'CSV och kee Koalitiounspartner méi ausgeschloss.

Gast Giberyen

Wann d'Wieler d'ADR géife stäerken, si also e Wahlgewënner wären, wär et logesch an demokratesch, datt se 2018 géife Koalitiounspartner ginn, fënnt de Gast Gibéryen.

Invité vun der Redaktioun en Donneschdeg de Moie géint 10 op 8 war den ADR-Deputéierten.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
Back to Top
CIM LOGO