Um Freideg war eng Gedenkfeier an der Bouneweger Kierch fir déi Verstuerwen. D’Mass ass antëscht schonn eng Traditioun a stoung dës Kéier ënnert dem Motto “Keen am Ree stoe loossen”.
E futtisse Prabbeli stoung an der Mëtt vun der Kierch, deen am Laf vun der Mass mat neiem Stoff souzesoen iwwerzunn a gefléckt gouf. Vill Leit géifen an eiser Gesellschaft am Ree stoe gelooss ginn, bedauert den Abbé Nico Weiler.
Dat ass a villen Domainer an eiser Gesellschaft ëmmer erëm ze fannen, datt mer net genuch Begleedung hu fir déi Leit, déi do sinn an haart jäizen a brëllen, e Gehéier ze ginn.
Ma genee dat mécht een zu Bouneweg all Dënschdeg, andeems Iessen, Gedrénks a Kleeder verdeelt ginn an ee mat de Leit an d’Gespréich kënnt. Tëscht 160 an 180 Leit kéimen all Woch, betount d’Jij Linster-Besch vun der Sozialequipe vu Bouneweg. Si erkläert, wéi d’Iddi vun der Mass fir déi Verstuerwen entstanen ass:
Mir haten hei nach eng Telefonskabinn an der Zäit, an do war en Lëtzebuerger, deen an där erfruer ass. Dat huet eis sou schockéiert, datt mer eis soten, mir missten eppes maachen.
De Weibëschof Leo Wagener huet iwwerdeems wärend der Mass d’Thema vun der Heescherei opgegraff a betount, datt et ënnerschiddlech Forme vun Mendicitéit gëtt. Wat him opgefall wier, wier, datt et ee bei verschidde Leit, déi no Sue froen, scho reng duerch hir Kierperhaltung erkennt, datt se sech ënnerwerfen:
Wann s de souwäit gees, dass de dech sou kleng mëss wéi en Hond a strecks just nach de Becher raus, denken ech mer, wéi wäit ass e Stéck vun der Selbstuechtung fort.
Dofir bräicht een onbedéngt Leit, déi sech engagéieren an deene Concernéierten hëllefen, de Kapp erëm kënnen ze hiewen, fir datt si sech net méi musse verstoppen.