
Seng Famill hat dat iwwer déi sozial Medien ëffentlech gemaach. D'Zeremonie war op fir de Public.
E Samschdeg soll de Bouf am Kosovo, wou seng Elteren hierkommen, begruewe ginn.
D'Kand war jo leschte Sonndeg Owend um Chrëschtmaart an der Stad ëm d'Liewe komm. Eng Äisskulptur war ëmgefall an hat de Bouf déidlech verwonnt. Eng Enquête ass zanterdeem am gaangen.