Wärend dem Zweete WeltkrichGedenkzeremonie fir zwangsrekrutéiert Lëtzebuerger um Lampertsbierg

RTL Lëtzebuerg
Um Lampertsbierg gëtt e Mëttwoch un déi jonk Lëtzebuerger erënnert, déi wärend dem 2. Weltkrich vun den Nazien zwangsrekrutéiert goufen.
© RTL Archiv

Den 30. August 1942, virun 81 Joer, gouf d’"Wehrpflicht” vun den däitsche Besatzer agefouert. Wéi de Justizministère an engem Schreiwes rappelléiert, goufe knapp 10.200 Lëtzebuerger tëschent 18 a 24 Joer an déi däitsch Arméi agezunn. Donieft goufen iwwer 3.600 jonk Fraen zur Aarbecht am Déngscht vum Nazi-Regime gezwongen. Doropshi koum et zum Generalstreik, un deen en Donneschdeg ënnert anerem zu Wolz erënnert gëtt.

Back to Top
CIM LOGO