
Géint 6.40 Auer e Sonndeg de Moie gouf et op der A4 op der Héicht vu Leideleng en Accident duerch ee Geeschterfuerer. Hie gouf dobäi liicht blesséiert. Séier huet sech erausgestallt, datt de schëllege Chauffeur ze déif an d’Glas gekuckt hat. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl a gëtt nach e Sonndeg engem Untersuchungsriichter virgefouert. Déi riets Spuer war tëschenzäitlech fir de Verkéier gespaart.
E Samschdeg den Owend géint 21.15 Auer ass ee Chauffeur bei Scheedgen vun der Strooss ofkomm a géint ee Bam gerannt. Secouristen aus Konsdref an Iechternach waren op der Plaz, fir sech ëm de Blesséierten ze këmmeren. Zu Bäreldeng huet et géint 21.45 Auer geknuppt. Zwee Autoen waren net laanschtenee komm. Och hei gouf ee Mënsch blesséiert.
Zu Branebuerg ass géint 3.30 Auer een Auto accidentéiert. D’Secouristen aus Tandel an aus der Nordstad hunn d’Plaz geséchert a sech ëm de Blesséierte gekëmmert.